Fir déi éischte Kéier zënter dem Ufank vun der Pandemie goufen an Däitschland iwwer 80.000 Neiinfektioune mam Coronavirus gezielt.

An Däitschland gouf et en Dënschdeg e Rekord bei den Neiinfektioune mam Coronavirus bannent engem Dag. Wéi de Robert-Koch-Institut e Mëttwoch de Moie matgedeelt huet, goufe bannent deene leschte 24 Stonnen 80.430 Neiinfektioune mam Coronavirus an eisem Nopeschland registréiert.

Den Inzidenzwäert vun den Neiinfektioune klëmmt domadder op 407. Iwwerdeems sinn zënter en Dënschdeg de Moien 384 Mënschen an Däitschland am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.