En Dënschdeg den Owend hat e Mann déi Ugestallte vun enger Tankstell zu Schenge mat enger Pistoul menacéiert.

Wéi d'Police matdeelt gouf et op en Neits en Iwwerfall op eng Tankstell zu Schengen. Deemno war kuerz virun 20h00 en Dënschdeg den Owend eng Persoun an eng Tankstell an der Route du Vin ergaangen. Hei hat hien déi Ugestallte mat enger Pistoul menacéiert a vun hinne Sue verlaangt. Nom Iwwerfall konnt den Täter an eng onbekannten Direktioun flüchten. Beim Tëschefall gouf kee blesséiert.

Beim Täter soll et sech ëm e Mann, deen ongeféier 1m90 grouss ass, gehandelt hunn. Hien huet Däitsch ouni Accent geschwat an hat eng schwaarz Box, eng blo-wäiss Motorrads-Jackett, orange Händchen an e wäiss-groe Motorradshelm un.