E Mëttwoch de Moien ass et zu engem gréisseren Accident an der Stad komm.

Géint 8h20 koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto an der Kräizung tëscht der Rue Willy Goergen an der Côte d’Eich. De Bus ass doropshin an eng Mauer gerannt. De Buschauffer, déi 8 Passagéier an den Automobilist, also ganzer 10 Persoune goufen an d’Spidol bruecht fir eng Kontroll. Wéinst dem Accident war d’Fuerbunn zäitweis komplett blockéiert.

En Dënschdeg de Moien ass an der Géigend vun der Place de la Gare an der Stad eng Persoun opgefall a gouf kontrolléiert. Eng kleng Quantitéit u Kokain a Boergeld goufe saiséiert. No weideren Iwwerpréiwungen huet sech erausgestallt dass de Mann sollt expulséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d’Persoun an de Centre de rétention bruecht.