An der Chamber goufen e Mëttwoch de Mëtten zwou Petitiounen ëffentlech debattéiert.

Eng Petitioun ass géint eng obligatoresch Impfung géint de Coronavirus. Déi aner ass géint d’Corona-Impfung fir d’Kanner. Déi zwou Petitiounen kruten déi néideg Ënnerschrëften: déi éischt krut der iwwer 11.000 an déi zweet krut der iwwer 4.600. Et ass zu engem Echange tëscht de Petitionären an de Membere vun der Petitiounskommissioun an der Gesondheetsministesch komm.

Allgemeng hu sech d’Deputéiert enttäuscht gewise well hir Froe meeschtens net vun de Petitionäre beäntwert goufen. Donieft wiere si virun der Debatt net genuch iwwer verschidden Aussoen, déi d'Petitionäre verbreeden, informéiert gi fir adequat ze reagéieren.