D’Salariéen an de Laboe geroden ëmmer méi ënner Drock. Dat huet den OGBL e Mëttwoch an engem Communiqué gesot.

Wéinst der Explosioun vun de Corona-Fäll sinn d’Laboen iwwerfuerdert. D’Situatioun riskéiert de 15. Januar méi schlëmm ze gi wéinst dem obligatoresche CovidCheck op der Aarbechtsplaz. D’Personal huet och ëmmer méi op Aggressiounen opmierksam gemaach déi an dëser aktueller Situatioun stattfannen.