E Mëttwoch de Moien huet en Auto zu Dikrech gebrannt.

De Brand ass géint 6h30 an der Rue Victor Muller-Fromes geschitt. D’Pompjeeë kruten d’Feier ënner Kontroll, mee den Auto ass komplett verbrannt. Éischten Ënnersichungen no huet et sech warscheinlech ëm en techneschen Defekt gehandelt. Et gouf kee blesséiert.