Zwou Persoune goufen no engem gewalttätegem Déifstall zu Bouneweg festgeholl.

E Méinden am fréie Moie goufen dräi Fraen an hirer Wunneng vun zwee männlechen Täter iwwerfall a menacéiert. Am Laf vum Dag huet d’Kriminalpolice déi zwee Täter identifizéiert a festgeholl. Eng Persoun ass en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter komm.