Och eng ëffentlech Entschëllegung huet déi ugespaante Situatioun ronderëm seng Aktioun net verbessert.

Eng Party soll den 20. Mee 2020, also wärend dem haarde Lockdown am Gaart vum Boris Johnson sengem Amtssëtz, der Downing Street, ofgehale gi sinn. De brittesche Premierminister war dann och selwer mat dobäi wéi elo bekannt gouf. Den Johnson huet zwar wéinst dëser Party ëm Entschëllegung gebieden. Ma och dës soll awer net gehollef hu wéi et ausgesäit.

Deemno fuerderen och ëmmer méi Persounen aus senger eegener Partei, dass de 57 Joer ale Politiker zerécktrëtt. Dat eemol de schotteschen President vun de Konservativen, den Douglas Ross. Den Tory-Parlamentarier Sir Roger Gale sot dann, dass de Premier d'Parlament getäuscht hätt.