D'Stad Lëtzebuerg huet elo an engem Communiqué matgedeelt, op wéi enge Plaze vun der Gemeng den 2G+ gëllt.

Vum 11. Januar u gëllen déi nei Mesure ronderëm de Covid-Check Régime "2G+". Dat och um Territoire vun der Stater Gemeng. Hei huet d'Gemeng elo matgedeelt zu wéi enge Momenter a wéi eng Plaz dovu betraff sinn.

Dat sinn eemol all kulturell Infrastrukture wéi zum Beispill d'Stater Theateren, d'Cinémathèque, oder d'Muséeën. Da sinn och sportlech Infrastrukture vun den Adaptatioune betraff wéi och soss all Events an Aktivitéiten déi vun der Stater Gemeng organiséiert ginn.

Hei fannt der dee ganzen Detail

RTL