De fréieren Ex-Profi-Boxer soll fir d'Stad Kiew elo och Mesure geholl hunn am Eeschtfall.

Sech op een Eeschtfall ze preparéieren huet de Vitali Klitschko wuel och schonn am Boxe geléiert. Elo huet den Ex-Boxer matgedeelt, dass hie sech, an d'Stad Kiew op eng Eskalatioun tëscht Russland an der Ukrain firbereet.

De Klitschko, dee Buergermeeschter vun der ukrainescher Haaptstad Kiew ass, hätt deemno schon ugefaangen den «Zivilschutz» vun der Stad z’organiséieren. Hie géif dovun ausgoen, dass Russland geschwënn an d’Ukrain amarschéiert. Den Ex-Profi-Boxer hofft awer, dass et net dozou kënnt, a Russland de Moment just seng «Muskele spille léisst». Lescht Woch soll Russland un der Grenz vun der Ukrain ronn 100'000 Zaldoten opgestallt hunn.