D'Police huet verschidde Persoune festgeholl nodeems um Lampertsbierg agebrach gouf a bei der Stater Gare an engem Sportsbuttek geklaut gouf.

E Mëttwoch kuerz viru Mëtternuecht gouf an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg an enger Garage agebrach. Zwee Onbekannter hunn Deeler vun engem Auto geklaut. Déi presuméiert Täter konnte beim Rondpoint Robert Schuman vun der Police ermëttelt ginn. Op Uerder vum Parquet goufen déi Verdächteg festgeholl. Si kommen en Donneschdeg am Nomëtte virun den Untersuchungsriichter.

E Mëttwoch den Owend kuerz no 17h00 goufen zwou Déiwe vu Sécherheetsbeamten an der Avenue de la Gare gestallt an der Police iwwerginn. Donieft gouf eng Tut mat de geklaute Saachen aus engem Sports-Geschäft saiséiert. Et huet sech erausgestallt dass ee vun hinnen nach mannerjäreg ass. Op Uerder vum Parquet gouf dësen op Dräibuer gefouert. Den zweete Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an op Schraasseg bruecht. Hie kënnt en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.