En Donneschdeg géint 12h00 war nees eng Schweigeminutt am Kader vun der Initiativ "Yes We Care".

Domat mécht d’Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur all Donneschdeg op déi schwiereg Situatioun am Secteur opmierksam. Mëttlerweil gëtt awer och jiddereen encouragéiert matzemaachen. Virun allem gëtt och d’Effikassitéit vun der Impfung géint de Coronavirus mam Hashtag #Impfewierkt ënnerstrach. Déi Beweegung op Initiativ vum Dr. Marco Klop wiisst ëmmer méi esou dass d’Organisateuren och scho vu franséische Spideeler kontaktéiert goufen.

Weider Infoe ginn et hei!