De Testzenter zu Leideleng mécht och elo sonndes op.

Dëst well vum 15. Januar un de CovidCheck-Regimm op der Aarbechtsplaz obligatoresch gëtt. D’Zil wier et déi zousätzlech Nofro entgéint ze huelen a weiderhin e qualitative Service unzebidden. Vum Sonnden, 16. Januar un, ass den Zenter also tëscht 11h00 a 19h00 op.