En Dokument mat engem Froekatalog am Kader vun der Chamberdebatt iwwer d’Impfflicht gouf finaliséiert.

Dat huet de Staatsministère en Donneschdeg matgedeelt. D’Dokument gouf der Chamber weidervermëttelt. D’Zil ass et dass d’Deputéiert all d'Fakten a juristesch Elementer hunn an analyséiere kënnen. Och d’Experten an d’Acteuren déi dovu betraff si kruten de Katalog als Virbereedung op dës Debatt geschéckt. Dës soll d’nächst Woch stattfannen.