Et war fir dëst Joer mat enger drastescher Erhéijung vun de Stroumpräisser gerechent ginn.

Fir d’Joer 2022 dierfen d’Stroumpräisser a Frankräich deemno net méi wéi 4% an d’Luucht goen. Dat mam Zil d’Bevëlkerung z’entlaaschten. Et gouf nämlech mat enger Hausse vun 20% bei de Stroumpräisser fir dëst Joer gerechent, déi bannent zwou Woche soss wuel agetruede wier. De franséische Wirtschaftsminister Le Maire hat esou guer vun enger Hausse vu bis zu 35% geschwat.

Fir dës Limitatioun vun de Präiserhéijungen z’erreeschen dierfen Atomkraaftwierker méi Stroum u kleng Betriber verkafen. Ausserdem huet d’Regierung eng Steier vum Stroum erofgesat.