Aktuell spillt den Djokovic an den Australian Open mat. Wéi et do elo fir hie weider geet ass onkloer.

Wat e Freideg de Moie gewosst war

Den australeschen Immigratiounsminister huet elo am Fall Djokivic eng Decisioun getraff. Deemno gouf de Visum vum Profi annuléiert. Weider dreet dem Djokovic eng dräijäreg Visum-Spär an Australien. Dëst géif bedeiten, dass hien och un den nächsten Australian Open net dierf deelhuelen. De serbeschen Tennis-Spiller dierf awer elo nach géint dës Decisioun en Appell goen.

Wéi et elo fir seng Participatioun bei den Australian Open weider geet ass nach onkloer. Den Tennis-Tournéier soll nächste Méinden ufänken. Et ass och net gewosst op hien an Australie bleiwen dierf wann hien en Appell geet. An och net op hien nees an d’Isolatioun muss oder sech wieder fräi beweegen dierf.

Nei Decisiounen um Freideg Owend ugekënnegt

Dem Tennisprofi säi Visum gouf jo vun den australeschen Autoritéiten annuléiert. Mee elo ass schonn déi nächst Decisioun gefall. Den Novak Djokovic dierf vu muer u säin Hotel zu Melbourne net méi verloossen. Ausname ginn et fir d’Gespréicher mat sengen Affekoten. E Sonnden decidéiert dann dat australescht Bundesgeriicht ob hien am Land bleiwen dierf.