Den Déifstall ass am September vu leschtem Joer geschitt. Wien Informatiounen huet soll sech bei der Police vun Esch-Uelzecht mellen.

Am Zesummenhang mam Déifstall vun enger Kreditkaart sicht d'Police elo no Zeien, oder Persounen déi dee Gesichte kennen. Den 11. September huet dee gesichte Mann eng Krediktaart geklaut an och duerno Suen domat opgehuewen.

All Informatiounen zu der gesichter Persoun si fir d'Police vun Esch. Wien eppes weess, kann dat beim Policekommissariat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 50 1000 oder via E-Mail bei folgender Adress Police.ESCH@police.etat.lu matdeelen.