Den Experte-Grupp, dee vun der Regierung chargéiert gouf en Avis iwwer d'Impfflicht erauszeginn, recommandéiert och eng sektoriell Flicht.

E Freideg um 16h00 gouf eng Pressekonferenz iwwer d’Impfflicht zu Lëtzebuerg gehalen. D’Membere vum Experte-Grupp kruten den Optrag vun der Regierung e medezineschen a wëssenschaftlechen Avis iwwer d’Nëtzlechkeet vun enger Impfflicht ze preparéieren. Am Grupp sinn den Dr. Vic Arendt, de Prof. Dr. Claude P. Muller, den Dr. Gérard Schockmel, Dr. Thérèse Staub an de Prof. Dr. Paul Wilmes.

D’Experte schwätze sech also fir eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer aus. Donieft soll et och eng Flicht fir de sougenannte "Cordon Sanitaire" ginn. Dat sinn d’Leit déi an de Spideeler, Praxissen, Alters- a Fleegeheemer schaffen an och déi déi bei d’Leit heem ginn fir Soinen oder fir ze botzen. Domat ass d’Gesondheets- a Fleegepersonal an d’Botzpersonal gemengt. D’Flicht misst also esou séier wéi méiglech agefouert ginn, esou den Dr. Gérard Schockmel. D’Experte fixéieren eng Dauer vun 2 Joer vun dëser Impfflicht: also viraussiichtlech bis den 30. Juni 2024. Eng Impfflicht misst een als Virschrëft gesinn. Natierlech ginn et Ausname fir déi Leit mat Kontra-Indikatiounen.

De Prof. Dr. Paul Wilmes huet ënnerstrach dass d’Impfung ganz effektiv ass wat Hospitalisatiounen a Stierffäll ugeet. Och no zwou Dosisse gëtt et eng ganz gutt Protektioun géint d’Hospitalisatioun. Leit iwwer 50 Joer hunn e méi grousse Risiko op der Intensivstatioun ze leien an ze stierwen. Dat ass de Grond vun dëser Recommandatioun. Et wier awer kee Grond dass Leit ënner 50 Joer sech net impfe loossen, d’Sensibilisatiounscampagne misst sech och op déi Jonk fokusséieren.

De Prof. Dr. Claude P. Muller huet awer och gesot dass et schwiereg wier eng Herdenimmunitéit z’erreechen. De Virus wäert warscheinlech och ni ganz eliminéiert ginn. Dat wéinst de Spezifizitéite vum Covid-19: vill asymptomatesch Leit kréien an iwwerdroen de Virus an d’Immunitéit schützt net zu 100 Prozent virun enger Infektioun.

Pressekonferenz am Replay