Tëscht dem 27. Dezember an 2. Januar ass d’Omikron-Variant zu Lëtzebuerg dominant ginn.

Dat geet aus dem ReViLux Rapport vum LNS ervir deen e Freideg verëffentlecht gouf. Den LNS huet 458 national Prouwe sequenzéiert vun de 5.641 Infektiounen déi an dëser Woch registréiert goufen. Am ganze goufen awer generell 1.587 Prouwen analyséiert. A 74,9 Prozent vun de Corona-Fäll huet et sech ëm d’Omikron-Variant gehandelt.

Hei geet et bei de Rapport vum LNS.