Den Educatiounsminister huet op d’Unzuel vun den Impf-Rendezvouse reagéiert déi vun de Jugendleche geholl gi sinn.

Informatioune vum Claude Meisch no, sinn e Mëttwoch 22.000 Invitatiounen u Jonker iwwer 12 Joer fir d’Booster-Impfung erausgaangen. An en Donneschdeg hate scho 7.800 dovunner sech direkt e Rendezvous geholl. De Minister huet op Twitter gesot dass dat responsabel a virbildlech wier.