No 4 Wochen Lockdown hieft déi hollännesch Regierung een Deel vun de Corona Mesuren op.

Net-essentiell Geschäfter, Coifferen, Sportsclibb an Héichschoulen dierfe vum 15. Januar un nees opmaachen, sou den hollännesche Premier. D’Caféen, Muséeën, Theateren a Kinoe mussen awer nach zoubleiwen. De Grond wieren d'Coronazuelen, déi weiderhin héich sinn. Besëtzer vu Caféen hu well Protester ugekënnegt.