E Freideg den Owend goufen 2 Déifställ gemellt. Blesséiert gouf awer keen.

Géint 20 Auer goufen 2 Persounen vun 3 Onbekannter an der Rue d’Epernay an der Stad ugeschwat. Eng Persoun konnt fort lafen, déi aner krut hieren Handy a Suen geklaut.

Um Halwer 12 huet eng Persoun uginn, dass si op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté an der Rue de Strasbourg op der Gare vun enger Persoun iwwerfall gouf. D’Affer krut den Handy, de Portemonni an seng Jackett geklaut.