Dee Vermëssten ass 1m63 grouss. Hien huet Tattooen um lénken Aarm an um rietse Been an e Piercing an der Nues.

D'Police sicht den Ament no deem 27 Joer ale Younes Bouchnafa vu Gréiwemaacher. Hie gëtt zënter 12h30 en Donneschdeg de Mëtte vermësst.

Fir d'Lescht gouf hien a sengem Appartement zu Gréiwemaacher gesinn.

Dee Vermëssten ass ongeféier 1m63 grouss an huet eng normal Statur. Als Mierkmoler huet hien en Tattoo um lénken Aarm an um rietse Been. Ausserdeem huet hien e Piercing an der Nues.

Wien Hiweiser zum Openthalt vun deem Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Museldall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer  244 70 1000 oder via d'Mailadress police.museldall@police.etat.lu.