Wéi vum Minister fir déi bannenzegt Sécherheet, Henri Kox, heescht wier den Asaz vum Waasserwerfer duerch Belsch Poliziste legal gewiescht.

Am Waasserwerfer, deen am Kader vun de Corona-Protester zu deenen et den 11. Dezember zejoert an der Stad komm war, wier normaalt Leitungswaasser gewiescht. Dat äntwert de Minister fir déi bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser vun der ADR. Deemno wieren dem Waasser keng aner Substanze bäigemëscht ginn.

Well et sech bei dësem Waasserwerfer ëm e Gefier vun der Belscher Police gehandelt hat, hat de Fernand Kartheiser dann och nach eng Partie Froen zum legale Kader vun dësem Asaz vun der Belscher Police op dem Lëtzebuerger Territoire.

Wéi de Minister a senger Äntwert erkläert huet, wieren déi legal Aspekter vun esou engem Asaz am "Traité de Police BENELUX" vun 2004 gereegelt. Dëse Vertrag géif virschreiwen, dass am Fall vun esou enger Zesummenaarbecht vu Policeunitéiten, de legale Kader vun deem Land, an deem den Asaz vu béiden Unitéite stattfënnt, gëllt. Ausserdeem géifen déi auslännesch Polizisten an esou engem Fall de lëtzebuergeschen Autoritéiten ënnerstoe géifen. Dat géif dann och mat sech bréngen, dass den Asaz vun den auslännesche Beamten, konform zu de Lëtzebuerger Gesetzer oflafe misst.

Den Asaz vum Waasserwerfer am Kader vun der Demonstratioun wier iwwerdeems legal gewiescht. D'Bestëmmungen, déi den Asaz vun esou engem Waasserwerfer reegelen, wieren an engem Gesetz aus dem Joer 1973 festgehalen.