Wéi den Regierungschef Michael Martin e Freideg den Owend matgedeelt huet, kënne vun e Samschdeg un Restauranten, Pubs an Discoen nees opmaachen.

Well d'Impfcampagne a Irland gutt leeft an d'Spideeler net iwwerlaascht sinn, falen hei sou zimmlech all d'Restriktiounen ewech. D’Leit brauchen dann och keen Impfcertificat méi an d’Ofstandsreegele falen och ewech. Nëmmen am ëffentlechen Transport an an de Geschäfter muss een d'Mask nach undoen.Fir d’Reesender gëllt awer nach ëmmer den 3G-Regime an Isolatioun falls ee positiv of de Coronavirus getest gëtt.
E Mëttwoch hat de Boris Johnson jo scho matgedeelt, dass an England och déi meescht Restriktiounen annuléiert ginn. Vun en Donneschden un, fält hei dann d’Maskeflicht ewech an am Nuetsliewe brauch een och keen Impfpass méi.