E Freiden den Owend koum et kuerz viru Mëtternuecht an der Montée de Clausen zu engem Autosaccident.

Wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt, ass den Auto  doropshi komplett ausgebrannt an de Chauffer huet sech duerch d’Bascht gemaach. Beim Auto handelt et sech ëm e groen Audi RS3 mat lëtzebuergescher Plaque. All Informatioune sollen der Police Lëtzebuerg iwwermëttelt ginn op der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 respektiv 113 oder iwwer Mail op police.luxembourg@police.etat.lu.