Zu Bréissel koum et e Sonndeg bei enger grousser Demonstratioun géint d’Corona-Bestëmmungen zu gewalttätegen Ausschreidungen.

D’Police huet missen d’Maniff opléisen a Waasserwerfer an Tréinegas asetzen. Ronn 50.000 Demonstrante waren op der Plaz: och Leit aus anere Länner waren op Bréissel komm fir ze demonstréieren. Wéi déi belsch Police mellt, haten déi meescht Demonstrante keng Mask un. An deem Kontext goufen op d’mannst 70 Persoune festgeholl, ënner anerem wéinst Materialschued a well si geféierlech oder illegal Objeten dobäi haten. Dräi Polizisten a 12 Demonstrante goufe blesséiert an an d’Spidol bruecht.