
© Fabrice COFFRINI
D’WHO schléisst d’Enn vun der Corona-Pandemie an Europa no der Omikron-Well net aus.
Et wier plausibel dass Europa sech op eng Endphas vun der Pandemie beweege géif. Dat huet den Europa-Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun Hans Kluge der Noriichtenagence AFP gesot. Et kéint wärend Wochen a Méint zu enger globaler Immunitéit kommen. Et misst een trotzdeem virsiichteg bleiwe well weider Mutatioune vum Virus méiglech sinn.