No engem Amoklaf op der Universitéit Heidelberg ass eng Studentin un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen. Den Amokleefer war no der Dot dout fonnt ginn.

Bei engem Amoklaf op engem Campus vun der Universitéit Heidelberg am däitsche Bundesland Baden-Württemberg, sinn 2 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Wéi et vun der lokaler Police heescht, war den Täter e Méindeg de Mëtte mat enger Schosswaff an en Auditoire vun der Universitéit gaangen an hat hei wärend enger Virliesung ëm sech geschoss. Dobäi hat hie 4 Mënschen - zum Deel - schwéier blesséiert. Duerno war hien an de Bausseberäich vun der Universitéit geflücht. Hei war hien dunn selwer ëm d'Liewe komm.

Nom Dout vum Amokleefer hat d'Police zimmlech séier matgedeelt, dass keng Gefor méi bestoe géif. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, géif et aus Kreeser vun der Police heeschen, dass den Amokleefer no senger Dot Selbstmord begaangen hätt. Iwwer d'Motivatioun vum Täter ass den Ament nach näischt gewosst. Déi zoustänneg Policebeamten hu bis ewell nach keng Angaben zu Dësem senger Biografie oder zu der Hierkonft vu senger Waff gemaach. Virun der Dot soll hien eng Whatsapp-Noriicht verschéckt hunn an ugekënnegt hunn dass Leit musse bestrooft ginn. Et muss awer nach gepréift ob dass d’Noriicht echt ass.

E Méindeg den Owend koum dunn d'Noriicht, dass et zu Heidelberg nieft dem Amokleefer, nach e weidert Doudesaffer ze bekloe gëtt. Eng Studentin war am Spidol un hire Blessure gestuerwen.

Wéi geet et de Lëtzebuerger Studenten?

Eldoradio hat nom Amoklaf mam Charel Karier vun de "Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg" geschwat. Wéi hien eis an engem kuerze Gespréich sot, hätt den LSH e Méindeg keng Informatioun, dass e Lëtzebuerger Student oder eng Lëtzebuerger Studentin ënnert den Affer vum Amoklaf wieren. Den LSH hat probéiert Studenten, déi eventuell betraff hätte kéinte sinn, esou gutt et méiglech war ze erreechen.

Dem Charel Karier no, hat den LSH e Méindeg am Nomëtte keng Informatioun, dass e Lëtzebuerger Student vum Amoklaf betraff war.

De Charel Karier huet Eldoradio dann och detailléiert Informatiounen iwwer d'Plaz ginn, op där den Amoklaf sech ofgespillt huet. Dobäi huet et sech ëm den Universitéits-Campus beim botanesche Gaart zu Heidelberg gehandelt. Dësen ass beim "Neuheimer Feld" An dëser Géigend befannen sech nieft dem Botanesche Gaart nach d'Universitéitsklinik an de Campus vun den Naturwëssenschaften. Dat ganzt Neuheimer Feld soll ongeféier esou grouss ewéi d'Lëtzebuerger Uewerstad sinn.

De Charel Karier beschreift d'Géigend an där et zum Amoklaf komm ass.