Nodeems op Chrëschtdag zejoert eng Läich fonnt gouf, sicht d'Police elo no Informatiounen aus der Bevëlkerung.

Wéi d’Police matdeelt war de 25. Dezember zejoert an engem Bësch zu Rëmerschen d’Läich vun engem ongeféier 70 Joer ale Mann fonnt ginn. Dës ass zirka 1 Meter 68 grouss. Wéi de Kierper fonnt gouf, hat dësen e blo mat gréng karéiert Hiem aus Flanell an e bloe Pullover mat schwaarzen a roude Sträifen um Col a bei den Handgelenker un.

D’Police geet den Ament dovunner aus, dass de Mann wéinst gesondheetleche Problemer, Schwieregkeeten hat, fir sech eleng ze deplacéieren. Wien Informatiounen iwwer dee Verstuerwenen huet, oder mat him a Kontakt stoung, ass gebieden, sech bei der Police Judicaire ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 24 460 2121 oder via d'Mailadress "spj.jp-info@police.etat.lu".