An der Chamber gëtt en Dënschdeg iwwer d’Revisioun vun der Verfassung ofgestëmmt.

Méi genee geet ëm dat 2. Kapitel vun der Verfassungsrevisioun. Dat nennt sech "Organisation de l’Etat". An deem Kapitel geet et ëm d’Funktioun vum Grand-Duc, d’Staatssymboler an ëm d’europäesch Integratioun. Fir all Kapitel ginn zwee Votten organiséiert: also muss deen zweete Vott op d’mannst no 3 Méint geplangt ginn. Den éischte Vott iwwer d’Kapitel "Justiz" war den 20. Oktober 2021. Vun 14h30 un kann een de Vott op Chamber TV suivéieren.