De Boris Johnson steet nees an der Kritik well hien d’Corona-Restriktiounen net respektéiert huet.

Engem Mediebericht no hätt dem brittesche Premier seng Partnerin Carrie Symonds eng Iwwerraschungsparty fir säi Gebuertsdag den 19. Juni 2020 organiséiert. Eng 30 Mataarbechter vum Boris Johnson waren agelueden an op d’mannst eng weider extern Persoun. Zu deem Zäitpunkt duerft ee sech awer nëmme mat maximale 6 Persounen treffen.

Dee selwechten Owend soll dann eng aner Party mat Frënn vu senger Famill organiséiert gi sinn. De Büro vum Premierminister huet dës Aussoen deelweis confirméiert: seng Mataarbechter wiere just kuerz zesummekomm fir him ze gratuléieren.  Wat déi zweet Party ugeet, wier dat eng komplett Erfindung, esou dem Premier säi Büro. Et ass also e weidere Skandal am "Partygate"-Kontext fir de Boris Johnson.

Elo huet dann och nach Scotland Yard ugekënnegt, géint de brittesche Premier an dem Zesummenhang ze ermëttelen.