Leit, déi an England oder a Schottland areesen, wäerten deemnächst kee Corona-Test virweise mussen.

D’Konditioun ass awer dass ee komplett geimpft muss sinn. Dat huet den Transportminister Grant Shapps confirméiert. Dës Ännerunge wäerten den 11. Februar a Kraaft trieden. Och fir net geimpfte Leit ginn d’Reegelen e bësse manner streng. Si brauche keen Test um 8. Dag vun hirem Openthalt ze maache mee mussen nach ëmmer ee virum Depart an um zweeten Dag maachen.