D'Gesondheetsministesch an de Sozialversécherungsminister hunn op dës Fro geäntwert.

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei, hunn d’Paulette Lenert an de Claude Haagen elo matgedeelt, dass eng Impfdosis de Staat ongeféier 60€ kascht.

E COVID-Patient deen op der Intensivstatioun läit, an net geimpft ass, kascht dogéint awer ëm déi 17.110€. Heibäi hunn déi deierst Openthalter bal 37.000€ kascht. Muss e Patient beotemt ginn, kënnen et souguer bis zu iwwer 152.000€ ginn.

Eng Behandlung op der Intensivstatioun déi net mat COVID ze dinn huet, kascht dem géigeniwwer am Duerchschnëtt just 1.600€.