Op Instagram ass eng Bedruchsmasch opgedaucht an där de Xavier Bettel zitéiert gëtt.

Wéi et an engem Post op deem sozialen Netzwierk heescht, soll de Xavier Bettel an engem Exklusivinterview mat RTL, d’Leit dozou opgefuerdert hunn a Krypto-Wärung z'investéieren. Hei ass dann och en Tweet ze gesinn, dee ganz offensichtlech gefälscht gouf.

Et gëllt also opzepassen, fir net op des Masch eran ze falen.