E Motocyclist gouf vun engem Auto erfaasst a vu sengem Moto geschleidert.

Wéi d'Police mellt, war et géint 19h40 e Méindeg den Owend op eise Stroossen zu engem schwéieren Accident komm. E Motocyclist, deen op der Rue de Beggen an der Stad ënnerwee war, gouf vun engem Auto erfaasst, dee grad vum Parking vun engem Supermarché gefuer koum.

De Motocyclist gouf duerch den Opprall vu sengem Moto geschleidert an uerg blesséiert. D'Strooss war nom Accident fir den Trafic gespaart.