An Holland goufen Oplockerunge vun de Corona-Mesuren ugekënnegt.

Wéi de Regierungschef Mark Rutte en Dënschdeg matgedeelt huet, dierfe Restauranten, Caféen a Muséeë vun e Mëttwoch un nees opmaachen. D’Restriktiounen an de Kultur- a Gastronomiebranchë sollen nämlech fir grouss Spannunge gesuergt hunn. Et wier ee sech awer bewosst dass de Risiko do wier well d’Infektiounszuelen nach héich sinn, esou de Mark Rutte.