Virun e puer Deeg koum et jo zu engem Bootsongléck a Florida. Elo gëtt d’Sich no de vermësste Mënsche gestoppt.

Update um Freideg

D’Autoritéiten hätte keng Hoffnunge méi, Leit ze fannen déi iwwerlieft hunn. 34 Mënsche ginn nach ëmmer vermësst. 5 Läiche goufe gebuergen an eng Persoun gouf gerett. Et hat sech ëm Migranten aus de Bahamas-Inselen gehandelt. Grond vun deem Tëschefall soll e Stuerm gewiescht sinn. Déi Persoun déi gerett gouf huet uginn dass keen u Bord eng Rettungswest unhat.