Den Ament ginn am Numm vum Generaldirekter vun der Police falsch Maile verschéckt.

Wéi d'Police matdeelt, ass den Ament eng Bedruchsmasch iwwer Mail am Gaangen. Deemno géifen den Ament Privatpersoune Maile kréien, an deene virgi gëtt, dass Dës am Kader vun enger strofrechtlecher Ermëttlung verschéckt gi wieren. Weiderhi steet an de Mailen, dass dës vum Generaldirekter vun der Police, dem Philippe Schrantz, oder enger auslännescher Police-Agence verschéckt gi wieren.

D'Police weist drop hin, dass d'Police am Kader vun enger Ermëttlung keng Maile verschécke géif. Bei dëse Mailen handelt et sech deemno ëm eng Bedruchsmasch.

Persounen, déi esou eng Mail kruten, sollen den Opfuerderungen, déi an Dëser formuléiert ginn, net nokommen. Si sollen d'Mail ignoréieren a läschen.