De Konsumenteschutz üübt nawell hefteg Kritik un der Energiepolitik vun der Regierung.

An engem Communiqué fuerdert de Lëtzebuerger Konsumenteschutz d'Regierung dozou op, eeschthaft iwwer e Präis-Stopp fir d'Energiepräisser nozedenken.

Wéi et vun der ULC heescht, wieren de Präis vum Äerdgas an der Period vum Dezember 2020 bis Dezember 2021 an der Moyenne ëm 61,3 % geklommen. De Präis vum Mazout wier an deem nämmlechten Zäitraum ëm 64,27 % geklommen. Ausserdeem géifen d'Präisser vum Bensinn, vum Diesel a vum Gas den Ament all Woch weider klammen. dozou géif dann nach eng däitlech erhéichte CO2-Steier kommen.

D'Hausse vun den Energiepräisser géife vill Stéit ëmmer méi staark belaaschten. Virun allem Famille mat engem méi nidderegen Akommes hätten net méi déi néideg finanziell Mëttel fir hier Energiekäschten ze bezuelen. Dowéinst fuerdert de Konsumenteschutz dann och, dass Stéit mat nidderegem Akommes eng kuerzfristeg exzeptionell finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréie sollen.

Weiderhi fuerdert d'ULC d'Regierung dann dozou op, eeschthaft iwwer e Präis-Stopp fir d'Energiepräisser nozedenken. Verschidden aner EU-Länner hätten sou eng Mesure dann och schonn ëmgesat.

Als Alternativ zu dëser Mesure kéint d'ULC sech och e gesetzlech definéierten Eenheetspräis fir eng minimal Quantitéit vu Gas virstellen. Dat kéint er de Stéit erlaben, fir sécher duerch de Wanter ze kommen.

De Konsumenteschutz üübt dann och hefteg Kritik un der Energiepolitik vun der Regierung, respektiv un der der Reform vun Dëser. Dës géif op Käschte vun de Konsumente geschéien.