En Auto, dee schonn a Frankräich an eng Verfolgungsjuegd verwéckelt war, ass zu Rodange mat engem Bam kollidéiert.

Wéi d'Police mellt, war et géint 02h40 e Mëttwoch de Moien an der Lonkecher Strooss zu Rodange zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm. Éischten Informatiounen no, soll hei en Auto, an deem e puer Persoune souzen, mat engem Bam kollidéiert sinn.

Op der Plaz vum Accident, haten d'Beamte vun der Police dunn zimmlech séier erausfonnt, dass den accidentéierten Auto kuerz virum Accident an eng Verfolgungsjuegd a Frankräich verwéckelt war. Déi franséisch Polizisten haten d'Verfollgung allerdéngs bei der lëtzebuergescher Grenz ofgebrach. Den Auto soll da kuerz no der Grenz un d'Rutsche komm sinn. Dëse war doropshin duerch eng Ofspärung gefuer a mat engem Bam kollidéiert.

Zeie vum Accident hate beobacht, wéi 3 Persoune kuerz no der Kollisioun an d'Direktioun vun enger Tankstell geflücht waren. D'Poliziste konnten déi 3 allerdéngs kuerz drop untreffen. Si ware liicht blesséiert, konnten awer kontrolléiert a bei d'Plaz vum Accident zeréckbruecht ginn.

Déi 5 Persounen déi am Auto souzen hate géigeniwwer de Polizisten ënnerschiddlech Angaben zum Oflaf vum Accident gemaach an de Poliziste falsch Identitéite genannt. Ausserdeem hate verschiddener vun hinnen Alkohol gedronk.

2 Persounen hunn nom Accident misste mat schwéiere Blessuren an d'Spidol ageliwwert ginn. Ausserdeem konnten, bei enger vun de bedeelegte Persounen, Droge séchergestallt ginn.