Fir d’Ouverture vun Esch2022 hunn d’Organisateuren sech eppes Kreatives iwwerluet.

Dëse Mëttwoch gouf de Programm vun der Ouverture vun Esch2022 virgestallt. Des Ouverture ass dann de 26. Februar am Zentrum vun Esch an um Belval a vun hallwer 6 bis 11 Auer herrscht Festivalstëmmung. Ënner anerem wäerten op véier Bünen 18 Concerte stattfannen. D’Organisateuren erhoffen sech awer och Participatioun vun de Visiteuren.

D’Awunner kruten dowéinst och eng Invitatioun geschéckt vir bei verschiddene Projet mat ze maachen. Bei engem handelt et sech ëm eng «Missioun» déi mat engem fiktive Rakéitestart zu Esch zesummen hänkt. Bei wéi engem Projet d'Leit matmaache kënnen decidéiert sech an enger Ëmfro. Wann si hire Gratisticket ufroen, mussen si e Froebou ausfëllen an doropshi kréien si da gesot,wéi eent vun de véier Profiller op si zou trëfft:

-«Iron Furnace»

-«River Alzette»

-«New Horizons»

-«Red Earth»

D’Leit kënnen natierlech och selwer decidéieren, bei wéi engem Projet si matmaache kënnen. Bei de Froen geet et haaptsächlech ëm d'perséinlech Stäerkten a Wäerter vun de Leit a wat si mat der Escher-Regioun verbënnt. .

D’Ouverture vun Esch22 ass de 26. Februar vu 17h30 un a steet ënnert dem 2G+Regime.

Méi Informatiounen zu dëser Aktioun fannt dir um Site vun Esch2022.