D’Petitioun mat der Nummer 2129 krut déi néideg Unzuel vu Stëmmen, fir an engem ëffentlechen Debat an der Chamber behandelt ze ginn.

An dëser Petitioun gëtt gefuerdert, dass d'Lëtzebuerger Sexual-Strofrecht iwwerschafft gëtt. Ënner anerem soll de Begrëff vun der Vergewaltegung méi wäit gefaasst ginn. Deemno sollen an Zukunft och sexuell Interaktiounen, bei deenen d’Affer net méi säin explizitt Averständnis ka ginn – sief et well dëst zum Beispill schléift oder ënner Schock steet – als Vergewaltegung an net méi als Mëssbrauch definéiert ginn. Dat géif dann och zu Upassunge beim Ausmooss vun de Strofe féieren.

Och bei den Delaien, déi fir eng Verjärung gëllen, soll et zu Upassunge kommen. Den Ament wier et nämlech esou, dass vill Dote scho verjäert wieren, bis d'Affer d'Kraaft, fir sech géint den Täter ze wieren, opbrénge kéinten.