An England gi vun en Donneschdeg un déi meeschte Corona-Restriktiounen opgehuewen.

Zum Beispill gëtt et keng Maskeflicht méi a Banneberäicher. Mee se gëllt awer nach ëmmer an den ëffentlechen Transporter zu London. Donieft muss ee kee Gesondheetspass méi an Diskoen a bei verschiddene grousse Veranstaltunge virweisen. Dës Decisioun gouf trotz den héijen Infektiounszuelen an England getraff. Dëst well d’Regierung virun allem mam Impftaux zefridden ass.