Moderna ass am Gaangen hiren Omikron-Impfstoff an enger klinescher Etüd ze testen.

Am Ganze 600 fräiwëlleg Persounen aus den USA maache bei der Etüd mat, esou d’Entreprise. Dës Persoune kruten deelweis schonn zwou oder dräi Impfdosissen. D’Zil wier et géint eng laangfristeg Menace vun der Omikron-Well virzegoen. BioNTech/Pfizer haten och schonn ugekënnegt dass si hiren Omikron-Impfstoff testen.