An Italien wäerten d’Arees-Reegelen am Februar opgelackert ginn.

Dat concernéiert Mënschen déi aus aneren europäesche Länner an Italien reese wëllen. Et muss ee virweise kënnen dass ee geimpft, geheelt oder negativ getest ass. Wéinst der Omikron-Well hat déi italienesch Regierung am Dezember decidéiert dass jiddereen e negativen Test virweise misst an dass net-geimpfte Leit 5 Deeg a Quarantän goe missten. Dës Oplockerungen gëlle vum 1. Februar un.