
© Eldoradio
D’Police sicht no engem Zeien, deen Informatiounen zu engem Déifstall um Freiden an der Stad huet.
Um Freidegnomëtte géint véierel op 4 huet een onbekannten Täter eng Fra iwwerfall an hier Posch geklaut. Dat virun engem Buttek mat Luxusartikelen an der Rue Philippe II. Den Täter ass dono Richtung Kathedral geflücht. Een Zeie konnt dem Täter nolafen an dësen unhalen. Dono ass eng Persoun dozou komm an huet den Zeie geschloen. Doropshin huet den Zeien d'Posch fale gelooss an déi zwee Täter konnte flüchten. Den Zeie war och net méi opzetreffen nodeems d’Police op der Plaz war.
D'Beschreiwung vum Zeien: indescht Ausgesinn, 16-19 Joer al, zirka 1,60-1,65 Meter grouss a schwaarz bekleet mat schwaarzer Jackett mat Pelz un der Kaputz. D’Police biet den Zeien sech bei der Police an der Stad ze mellen, entweder ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 244 40-1000 oder per Email: Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.