
© Eldoradio
Et ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.
Vun 401 PCR-Tester waren der 13 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Méindeg matgedeelt huet.
Iwwerdeems ass 1 weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 1.076.
Am Moment leie 10 Persoune mam Covid-19 am Spidol, dovunner 2 op der Intensivstatioun.