E Méindeg an der Mëttesstonn koum et zu engem déidleche Verkéiersaccident tëscht Kënzeg a Grass.

An enger Lénkskéier wollt e Gefier a Richtung Grass iwwerhuelen an ass dobäi widder en Liwwerwon geroden. Dësen ass aus der anerer Richtung komm. Den Automobilist huet d’Kontroll verluer an ass frontal géint en aneren Auto gerannt deen him entgéint komm ass.

Den 59-järegen Automobilist vun Dondel gouf beim Accident esou schro blesséiert dass hien nach op der Plaz verstuerwen ass. D’Automobilistin am aneren Auto gouf liicht blesséiert. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D’Streck ass no e puer Stonnen nees op fir de Verkéier.