E Méindeg am Nomëtteg koum et zu engem Accident um Stauséi op der Héicht vu Lëlz.

Géint 5 Auer war e Motorboot vum CGDIS mat klenger Vitess ënner der Passerell ënnerwee. Eng Persoun ass dunn aus onbekannte Grënn an d’Waasser gefall. Se gouf schro duerch dSchrauf vum Boot um Bee blesséiert. D’Affer gouf direkt op der Plaz behandelt an duerno an d’Spidol bruecht. Et ass awer net a Liewensgefor.

De Groupe de Support Psychologique huet sech ëm déi betraffe Leit gekëmmert. Eng Ermëttlung ass am Gaange fir erauszefanne wat genee geschitt ass, esou de CGDIS.